Hëllef fir d'Iwwerschwemmungsaffer - Déi lescht Préparatiounen

04/10/2021
Hëllef fir d'Iwwerschwemmungsaffer - Déi lescht Préparatiounen
Play

Déi schlëmm Iwwerschwemmungen am Juli hu vill Leit matgeholl. Et ass mëttlerweil bësse méi zwee Méint hier, wéi praktesch iwwer Nuecht bei eis, an der Belsch an a Rheinland-Pfalz d'Flëss esou staark geklomme sinn, dass ganz Uertschaften iwwerschwemmt waren. Virun allem am Dall vun der Ahr war et uerg, 313 Leit si gestuerwen, verschiddener ginn ëmmer nach vermësst. D'Amicale vun den Ettelbrécker Pompjeeë war dëse Weekend op der Plaz fir eng Hand mat unzepaken. Eis RTL Reporterin Lea Schwartz huet si begleet an war och schonn een Dag am viraus op der Plaz an zwar wéi zu Ettelbréck an der Däichhal, déi lescht Liewensmëttel agepaakt goufen.