Bei der Post - Um Tour mat der Bréifdréiesch

11/10/2021
Bei der Post - Um Tour mat der Bréifdréiesch
Play

116 Millioune Bréiwer sinn d'lescht Joer hei zu Lëtzebuerg ausgedeelt ginn. Villes geet automatesch, d'Bréiwer ausdeelen awer nach net. Eleng 6 Millioune Korrespondenze waren iwwregens duerch d'Coronapandemie verschéckt ginn. Dorënner d'Infomaterial, awer och Invitatioune fir sech testen ze loossen. Allgemeng geet d'Quantitéit u Bréiwer, déi ausgedeelt ginn, erof. Dofir kommen awer nei Erausfuerderungen op d'Bréifdréier a Bréifdréieschen duer. An d'Lea Schwartz um Tour mat enger Bréifdréiesch.