Reaktiounen vun Syndic a Patronen op d'Deklaratioun vum Premier
13/10/2021

Gutt Usätz wieren an der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel gëschter dobäi gewiescht. Dat besonnesch an der Sozialpolitik, wou jo sollen d'Leeschtunge verbessert ginn. Enner anerem war riets dovunner, dass d'Maison relais an d'Iessen an de Schoule fir Kanner vu Familljen mat klengem a mëttlerem Akommes soll gratis ginn. Souwuel d'Gewerkschaften, wéi och d'Patronat hunn awer vermësst, dat de Premier a senger Ried och emol konkret ginn ass. Diana Hoffmann
