Kalbassenzäit - Op Der Pumpkinfarm Hahn zu Rued

18/10/2021
Kalbassenzäit - Op Der Pumpkinfarm Hahn zu Rued
Play

Den Hierscht ass do, an iwwerall liicht et a goldgiele Faarwen, well elo am Oktober ass endlech d'Zäit vun der Kalbasse-Recolte. Ob en aromatesche Butternut, e risege gielen Zenner, oder faarweg Dekokürbissen, d'Diversitéit vun de Faarwen, Formen a Muster ass grouss. Och eis interesséieren natierlech Froe ronderëm de Kürbis an dofir ass d'Michèle Schons haut fir eis um Tour. Michèle, ziel eis mol wou's de dru bass?