Anti AFD-Konschtaktioun BAND

18/10/2021
Anti AFD-Konschtaktioun BAND
Play

 An Däitschland ass et no den Walen méi roueg ginn: D’Koalitiounsgespréicher sinn nach net eriwwer an bis ewell sinn just wéineg Informatiounen doriwwer bekannt, wei d’Parteien hir Programmer zesummebréngen kennen an konkret ëmsetzen wëllen. Wouriwwer an de leschten Wochen méi rieds war, ass den onorthodoxen Oflaf vun de Walen selwer.Zu Berlin koum et um Waldag deels zu laange Schlaange vrun de Walbüroen, wou deementspriechend och nach no den éischten Schätzungen owes gewielt gouf.Mee och en aneren Deel vum Walkampf steet zur Diskussioun: den Flyer-Gate tëscht der rietser Partei Alternative für Deutschland an den Kénschtler vum Zentrum für politische Schönheit, deen an der Vergaangenheet schonn duerch sou munch politesch Interventioun am ëffentlechen Raum vu sech schwätzen gedoen huet.D’Claire Schmartz vu Berlin.....