Kaartfueren: Do wou och de Michael Schumacher scho gefuer ass

30/03/2022
Kaartfueren: Do wou och de Michael Schumacher scho gefuer ass
Play

Haut gëtt Karting mam RTL Reporter gefuer. Den ACL huet d'Kaartingpist zu Monnerech iwwerholl an ass vru kuerzem an déi 2. Saison gestart. Et wëll een an 1-2 Joer e gréissere Projet presentéieren an d'Offer vum Fräizäitkaarting nach weider ausbauen. Dat brauch awer alles seng Zäit a bis dohi gëtt vun dem profitéiert wat een huet. De Loïc Juchem war de Weekend um Circuit an huet mat de Responsabelen ënnert anerem iwwert de Michael Schumacher geschwat awer och d'Sécherheet war en Thema.