Kritik u Pensiounsfong (FDC)

31/03/2022
Kritik u Pensiounsfong (FDC)
Play

De Pensiounsfong, deen och nach Fonds de compensation genannt gëtt, wäert des Joer seng Investissiounsstrategie fir déi nächst 5 Joer nei opstellen. Wann et no Greenpeace an Action Solidarité Tiers Monde geet, wier et eng gutt Geleeënheet, fir dass de Fong sech méi nohalteg kéint opstellen. Eng aktuell Analys am Optrag vun den ONG’en huet erginn, dass de Pensiounsfong a klimaschiedlech Firmen investéiere géing oder a souer, déi d’Mënscherechter net respektéieren. Sabrina Backes.