Impakt vun de Sanktiounen a Russland
07/04/2022

Russland kritt den Ament wéinst der russescher Invasioun op d'Ukrain d'Sanktiounen ze spieren. D'Land rëtscht grad an eng Wirtschaftskris: Grondliewensmëttel ginn deels knapp, d’Inflatioun klëmmt an all Dag verloossen Entreprisen d’Land. Wéi erliewen d’Leit a Russland d’Situatioun a wéi gesäit den Alldag dohannen aus?D‘ Sabrina Backes huet mat engem Lëtzebuerger geschwat, deen den Ament zu Moskau studéiert.
