BAND Postbüroen Fermeture(Backes)
12/04/2022

D‘Fermeture vun enger Rei Postbüro’en ueschter d‘Land suergt schonn zanter e puer Jore fir Reclamatiounen. 2015 huet d'Restrukturéierung vum Post-Netz ugefaangen. Zanterdeem hu missen iwwer 40 lokal Agencë zou maachen. An engem Bréif un de Wirtschaftsminister Fayot huet de lëtzebuerger Konsumenteschutz ULC d‘Rationaliséierungsmesurë vun der Post kritiséiert a wëll géint d’Fermeture vu weidere Postbureau’en virgoen.Sabrina Backes
