Nei Directrice am Mudam: Bettina Steinbrügge
14/04/2022

Zënter dem 1. Abrëll huet de Musée d'art Moderne Grand-Duc Jean eng nei Directrice. D'Bettina Steinbrügge kënnt vun Hamburg, wou se déi lescht 8 Joer de Kunstverein geleet huet. Virdru wa si schonn op verschiddenen aneren internationale Posten, zum Beispill am Belvédère-Musée zu Wien. Hire Choix sech fir Lëtzebuerg ze intresséieren, ass awer keen einfachen Zoufall. Si gouf wuel vun Headhunter ugeschwat, mee de MUDAM ass hir well laang e Begrëff. Hir éischt Impressiounen an der neier Verantwortung si gutt, wéi se dem Christiane Kremer erzielt huet.
