Körperwelten: Wat si Körperwelten?

22/04/2022
Körperwelten: Wat si Körperwelten?
Play

A verschiddene Groussstied, beispillsweis zu Amsterdam oder Heidelberg, hutt der vläicht schonn heiansdo e Musée vun de Körperwelten besicht. Sou wäit brauch ee bis de 17. Juli net ze fueren, well zu Tréier ass den Ament eng mobil Körperwelten-Ausstellung ze gesinn. Den Dr. Günther von Hagen ass Medezinner an hat d'Iddi de mënschleche Kierper engem breede Publik zougänglech ze maachen an dovun hu schonn iwwer 50 Millioune Leit weltwäit profitéiert. D'Expoen si beléift, dat huet eisen RTL Reporter och séier gemierkt, de Loïc Juchem dee war bis op Tréier an huet sech fir eise Kierper interesséiert.