Hotelschoul: Am Sous-Sol zu Dikrech wou d'Wueren ugeliwwert ginn
27/04/2022

Den Horesca Secteur gouf an de lëschte Jore besonnesch vun der Kris getraff, dofir ass et elo ëmsou méi flott, dat et erëm esou gutt leeft an den Hoteller, Restaurant’en a Bistro’en.
Wichteg ass awer och deene Jonken déi an deene Secteure wëlle schaffen, eng richteg gutt Ausbildung ze ginn, an déi gëtt et an der Hotelschoul zu Dikrech, eisen RTL Reporter huet sech d’Toque op de Kapp gesat an déi wäiss Schipp ugedoen.
Fir den éischte Reportage goung et fir den Dan Vinkowski an de Sous-Sol vun der Schoul, wou d’Iessen fir den Dag geliwwert an preparéiert gëtt.
