Nei Offallgesetzer: Wat ännert?
27/04/2022

De Mëtteg ginn viraussiichtlech direkt 5 nei Offallgesetzer an der Chamber gestëmmt. Null Offall Lëtzebuerg Strategie nennen Déi Gréng de Gesetz-Pak, duerch deen Kreeslafwirtschaft soll gefërdert ginn. De Staat, d’Gemengen, d’Wirtschaft an d’Acteuren vun der Offallwirtschaft sollen an Zukunft méi staark an d’Verantwortung geholl ginn. D’Diana Hoffmann huet sech mam Sujet befaasst.
