YEP: Schoulfoire an der Luxexpo "The Box"

02/05/2022
YEP: Schoulfoire an der Luxexpo "The Box"
Play

Haut de Moien ass an der Luxexpo "The Box" den Depart vun enger grousser Schoulfoire wéi se nach net do war. Villäicht hu der déi lescht Zäit bei eis op der Telé oder an de soziale Medien e Spot gesinn wou e virwëtzegt Schof eng Haaptroll gespillt huet a sech ganz gespaant ëmkuckt. Sou wäerten och déi erwaarten 5.000 Jonker de Moien kucken, déi haut op de Kierchbierg kommen fir hirem Dramjob e Stéck méi no ze kommen. D'Aarbecht net theoretesch mä praktesch z'erliewen an dann guidéiert ze ginn, dat ass Sënn an Zweck vun deenen 3 Deeg déi een elo erwaarden.