Sondage Devoir de vigilance BAND
06/05/2022

Ze vill Leit géinge weltwäit nach a sklaven-änlechen Zoustänn schaffen, zu deenen eis Liwwerkette géinge bäidroen, seet de Jean-Louis Zeien vun der Initiative Devoir de vigilance. Besonnesch de Finanzsecteur wier net genuch reguléiert, fir datt Mënscherechtsverletzungen ënnerbonne ginn. Eng Ëmfro vun TNS-Ilress weist, datt och d’Leit hei am Land domat d’Accord wieren, wann et zu méi enger strenger Kontroll op dësem Niveau kéim. Diana Hoffmann
