An der Oktav: D'Schéinheet vum Glawen

16/05/2022
An der Oktav: D'Schéinheet vum Glawen
Play

Ronderëm d'Kathedral ass den Ament eng méi lass, et ass Oktav a vill Léit zitt et an d'Mass an natierlech och op de Mäertchen. Wei eisen RTL-Reporter de Moie scho verzielt huet, gëtt et do elo och ganz néi de Pilger Café. Eng Plaz wou een sech kann austauschen a wou een och dat speziellt a patentéiert Oktav-Brout ka kafen. De Loïc Juchem mëscht sech haut ënnert déi Gleeweg a stellt eis och puer Léit vir, fir déi d'Oktav an absolutte Must ass.