B&B Action Weeks (Bed and Breakfast fir eis Bestëbser)
20/05/2023

De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung (MECDD) organiséiert dëst Joer, a Kollaboratioun mat senge PartnerInnen, déi zweet Editioun vun de „B&B Action Weeks“, den Aktiounswoche ronderëm bestëbsend Insekten. Dës Aktiounswoche schreiwen sech an den Enn 2021 vun der Regierung verëffentlechten nationalen Aktiounsplang fir bestëbsend Insekten an, a bidden eng optimal Geleeënheet, bei Excursiounen a Workshops déi faszinéierend Welt vun de bestëbsenden Insekten ze entdecken.
