Pissblumm - Wonnerkraut oder just Onkraut ?
24/05/2022

Ass et iech net och schonn opgefall? E wiisst iwwerall, esouguer duerch déi klengste Ritz am Bëtong. An och nach bei décker Hëtzt. D'Kéi an d'Beie sinn extrem frou dermat, an d'Kanner, déi freeën sech wéi e Geck, wann se d'Bloosblumm kënne plécken an déi kleng Somkären an d'Luucht blosen. Fir vill Leit ass et einfach en Onkraut, well se de Schéinheetsideal vun dekorative Gäert zerstéiert, mee a Wierklechkeet ass et eng formidabel Heelplanz, an en allround Superfood, Michèle Schons?
