Lafen: Lafe mat Fatbetty.Run

27/05/2022
Lafen: Lafe mat Fatbetty.Run
Play

Haut de Moie wëlle mir iech am RTL Wecker motivéiere fir deen een oder aneren Tuer ze lafen. Et musse net direkt 40 Kilometer sinn, mee och 5 bis 10 Kilometer dinn eisem Kierper dacks scho gutt. Muer ass de Nuetsmarathon an der Stad, da sinn 12.000 Sportler ënnerwee a probéieren déi 42 respektiv déi 21 Kilometer ze packen. Eng gutt Virbereedung ass dofir den A an den O. De Loïc Juchem huet sech de Moie scho mat enger Grupp getraff, déi sech 2 Mol d'Woch treffen an dann an der Stad zesumme lafe ginn.