40 Joer Fondatioun Hëllef fir d'Natur - Wéi goung et lass?
30/05/2022

Viru 40 Joer hunn sech e puer Visionären, deenen den Naturschutz besonnesch um Häerz louch, zesummegedoen fir ze handelen an en Instrument ze schafe fir d'Natur, duerch de Kaf vun Terrainen mat héijem biologesche Wäert, aktiv ze schützen. 40 där Naturschutzgebidder ginn et mëttlerweil a mir huelen iech de Moien an dat eent oder anert mat. Michèle Schons, du bass am Haus vun der Natur fir nozefroen wéi alles ugefaangen huet?
