Premièresexamen: D'Examen aus dem Safe huelen
01/06/2022

Wann een un d'Zäit am Lycée zeréckdenkt, da misst deen een oder aneren un de Premièresexamen denken. Och wann et vläicht net sou ausgaangen ass wei geduecht oder eventuell souguer vill besser wei erwaart, gehéiert et einfach zu der Lycéeszäit dozou. D'Opreegung mat senge Kolleegen, d'Nuechte wou just geléiert gëtt an da wann alles eriwwer ass, gëtt richteg gefeiert. Natierlech, wann ee grad amgaangen ass dofir ze léieren, da schwätzt een nach net mat sou vill Begeeschterung doriwwer. Abee, mir drécken haut de Moien d'Schoulbänk a schreiwe mat de Schüler vun Diddeleng den Ofschlossexamen. De Loïc Juchem war de Méindeg de Moie beim éischten Examen, no der Päischtvakanz, am Lycée Nic-Biever mat dobäi.
