Unicef 100 Deeg Krich

03/06/2022
Unicef 100 Deeg Krich
Play

D'Kanner an der Ukrain brauche virop mol eppes, an dat ass Schutz, dat sot de Moien de Porte-Parole vun Unicef Lëtzebuerg am RTL-Interview. Zanter dem Ufank vun der russescher Invasioun virun 100 Deeg si bis elo 255 Kanner ëm d'Liewe komm. An all Dag komme Doudeger a Blesséierter bäi. D'Unicef fuerdert dowéinst virun allem eppes an zwar en direkte Waffestëllstand. Claude Zeimetz