An de Kasematten: Endlech erëm op!

08/06/2022
An de Kasematten: Endlech erëm op!
Play

Zanter leschtem Sonndeg sinn d’Péitruss-Kasematten erëm fir de Publik op. 4 Joer laang huet een un engem neie Projet fir d’Kasematten nierft der Péitruss geschafft, well se a punkto Sécherheet net méi sou gutt erhale waren. Vill Aarbecht, vill Zäit a vill Suen huet een an dëse Projet investéiert an et hofft een elo, datt déi „nei“ Kasematte gutt ukommen. Eisen RTL Reporter de Loïc Juchem ass fir eis de Moie bei oder besser gesot ënnert der Gëlle Fra ënnerwee.