Yoga: An enger Yoga-Schoul

13/06/2022
Yoga: An enger Yoga-Schoul
Play

Den 21. Juni ass de Weltdag vum Yoga an dem Kader wollt eisen RTL Reporter sech de Moie schonn e bëssen iwwer dëse ganzheetlechen Übungsystem aus Indien informéieren. Yoga hëlleft de Kierper, de Geescht an eis Séil an d'Gläichgewiicht ze bréngen an ass och zu Lëtzebuerg an de leschte Joren ëmmer méi beléift ginn. "Yoga for Humanity" ass iwwregens de Slogan vum Weltdag 2022. Éischte Rendezvous de Moie fir de Loïc ass zu Stroossen am House of Yoga, do gëtt hien de Moie mol e gutt Stéckelche méi ZEN.