Site MemoSentier Schumann
16/06/2022

Am Dezember 1944 hate scho vill Leit gemengt den zweete Weltkrich wier eriwwer, wéi den Hitler mat der Ardennenoffensiv eng lescht bluddeg Attack lancéiert huet. An den Ardennen am Grand-Duché an an der Belsch koumen Dausenden Zaldoten an Zivilisten ëm d'Liewen a ganz Dierfer goufen dem Buedem gläich gemeet. Besonnesch schlëmm waren d'Kämpf um Schumanns Eck, e puer Kilometer vu Wolz ewech. Den Erënnerungswee op där Plaz gouf elo nei amenagéiert, mat villen Temoignagen vun Zäitzeien, déi duerch d'Technologie och fir d'Nokrichsgeneratiounen erhale bleiwen, Dany Rasqué
