Antigaspi: on.perfekt gi Liewensmëttel eng zweet Chance
29/09/2022

D'Membere vun On.perfekt hunn zu 10 eng Société Coopérative gegrënnt an zousätzlech hëllefen 20 Benevollen. Sie ginn op d‘Sich no Liewensmëttel déi net de kosmetesche Standarden entspriechen, souzesoen eng Muert déi ze deck an ze kromm ass an dann net verkaf ka ginn. Dat Uebst a Geméis gëtt dann duerno weider verdeelt a verkaaft. Zanter Ufank September gëtt et elo och am Shoppingzenter Nordstrooss e Geschäft vun On.perfekt. De Loïc Juchem mat méi Detailer.
