Antigaspi: Wei organiséieren ech en Antigaspi-Event?
29/09/2022

Antigaspi-Dag op RTL a mir verroden iech elo wat ee muss maachen, fir den Antigaspi-Label fir säin Event ze kréien. De Landwirtschaftsministère huet dofir Guidelines ausgeschafft, fir bei Fester oder Events méiglechst wéineg Liewensmëttel ze verschwenden. Et geet natierlech hei och net just drëms, Eventer auszezeechnen, déi méiglechst wéineg Liewensmëttel verschwenden. D’Sensibiliséierung fir de Sujet ass mindestens genee esou wichteg. De Loïc Juchem mat Detailer.
