Esch2022: e Bauerenhaff zu Déifferdeng
27/09/2022

Sidd der an der Stad opgewuess oder um Duerf? Kennt der nach e richtege Bauer? Um Duerf kennt ee sech alt nach, et begéint ee sech a schwätzt mateneen. Leit aus der Stad a Leit di net grad an der Landwirtschaft schaffen wëssen normalerweis net vill iwwert d’Realitéit vun de Baueren. Zu Déifferdeng gëtt dofir elo en Theaterstéck opgefouert, wou genau dat besser beliicht soll ginn. De Pit Pixius hëlt iech mat op de Lommelshaff.
