SERIE Lëtz. Fréier/Haut - Fonderie Massard
28/09/2022

An all Handwierksberuff stécht Traditioun, Wëssen a Passioun. Am leschten Deel vun eiser Serie Lëtzebuerg fréier an Haut gi mir an e Familljebetrib kucken deen d’ Lëtzebuerger Stol – an Industriegeschicht mat gepräägt huet. D’ Fonderie Massard zu Keel gouf 1873 gegrënnt an ass déi leschten Eisegéisserei hei am Land. De Géisserbetrib ass mëttlerweil an der 5ter Generatioun a beschäftegt den Ament 22 Leit. Dobäi war et ugangs e renge Schlässerbetrib. Danielle Goergen
