AntiGaspi: Aktioun Gielt Band mat Natur&Ëmwelt

29/09/2022
AntiGaspi: Aktioun Gielt Band mat Natur&Ëmwelt
Play

All Joer gëtt kiloweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten, de Gäert an op ëffentleche Plazen ënnert de Beem fault, verbëtzt. An dobäi wier et esou einfach. Et pléckt een et einfach. Dofir muss een awer och déi néideg Erlabnis kréien, well ee jo net einfach op engem säin Terrain kann Uebst plécke goen. D‘Aktioun Gielt Band hëlleft engem do. Ass nämlech e „Gielt Band“ um Bam, dierf ee plécken. D‘Sektioun Diddeleng vu Natur&Ëmwelt mëscht aktiv bei dësem Projet mat an huet dem Loïc Juchem erzielt, wisou.