Cybersécherheet - Den europäesche "Cyber Resilience Act"
30/09/2022

An der EU sollen et fir Elektroapparater, déi mam Internet verbonne sinn, an Zukunft nei, eenheetlech Reegelen zum Schutz viru Cyberkriminalitéit ginn. Dës sollen am sougenannte «Cyber Resilience Act» festgehale ginn. Wat et mat dësem Gesetzesentworf op sech huet, a firwat Cybersécherheet esou wichteg ass, huet de Bakir Demic beim Pascal Steichen, Direkter vu securitymadein.lu nogefrot.
