Expogast 2022

04/10/2022
Expogast 2022
Play

Enn November, méi genee vum 26. bis den 30. November invitéiert de Vatel Club Lëtzebuerg nees op d'EXPOGAST an d'LUXEXPO / THE BOX. All 4 Joer ass et jo de Rendezvous mat der Gastronomie aus der ganzer Welt. Och déi Kéier geet et em den Culinary World Cup, deen een iwwregens och just hei zu Lëtzebuerg gewanne kann. Dëser Deeg war d'Pressekonferenz am Institut Viti-Vinicole zu Réimech. De Christian Schmit hat fir eis e puer Stëmme mam Mikro agefaangen.