10 Joer «Comeback»
05/10/2022

Eng Wett, en ale Sänger, dräi Jonker. Een Zil: De Ronny Riff op den Eurovision Song Contest ze bréngen. Kënnt iech bekannt fir? Dat ass d'Prämisse vun der Serie Comeback, déi virun zimmlech genee 10 Joer hei op RTL Télé Lëtzebuerg gelaf ass. An fir de ronne Gebuertsdag ze féieren, hunn sech d’Schauspiller an déi ganz Ekippen vun hannert der Kamera nach eng Kéier getraff fir en klenge Conveniat.
