Firwat fëmmen sou vill Jugendlecher?

07/10/2022
Firwat fëmmen sou vill Jugendlecher?
Play

Fréier hu vill Leit nëmme gefëmmt fir dozou ze gehéieren. Sech um Schoulhaff eng Zigarett unzefänken a lässeg am Eck ze stoen, huet ville Jugendlechen e Gefill vu Coolness ginn. Ass dat haut och nach sou? D’Fondatioun Cancer huet fir géint de Konsum vun Tubak virzegoen de Concours « Mission Nichtrauchen » an d’Liewe geruff. De Max Richartz weess méi.