LEO Awards 2022
07/10/2022

De Numm ass en aneren, den Zweck ass awer dee selwechte bliwwen. Soss huet ee vun de Media Awards geschwat, elo sinn dat d'Leo Awards. Dëse Präis soll déi bescht Publicitéiten auszeechnen an d'Kreativitéit vun enger ganzer Ekipp belounen. Gëschter Owend goufen am Tramschapp d'Gewënner vun de 5 Kategorien bekannt ginn.
