Dierf ech Holz aus dem Bësch mat heem huelen?

12/10/2022
Dierf ech Holz aus dem Bësch mat heem huelen?
Play

Mazout a Gas sinn den Ament richteg deier. Do ass am Fong d'Heize mat Holz eng méi gënschteg Alternative. Glécklech also déi, déi nach e Kamäin oder en Uewen doheem hunn. Ma och d'Brennholz ass mëttlerweil knapp oder ausverkaaft an och hei klëmmt d'Nofro. D'Iddi op Holz ëmzeklammen hunn der den Ament nämlech vill. Dierf een dann elo zum Beispill einfach an de Bësch Holz sammele goen, oder ass dat verbueden? D'Michèle Schons huet nogefrot.