Rou – Musek fir d’Séil ouni Toun

13/10/2022
Rou – Musek fir d’Séil ouni Toun
Play

Eng vun de Kuriositéite vun der Rou, geet op d’Behaaptung vum Neuropsycholog Leo M. Chalupa vun der Washington University zeréck, e richtegen Expert fir Froen iwwer d’Perspektiv. De Professer fir Pharmakologie a Physiologie behaapt nämlech, dass de Mënsch e ganzen Dag Rou brauch, dass d’Gehier optimal funktionéiere kann. Dacks awer eng Saach vun der Onméiglechkeet, oder net? D’Stëll huet eppes Majestéitesches a Mysteriéises un sech, besonnesch a Gesellschafte, wou et wierklech permanent Kaméidi gëtt. Obwuel se als Absence vu Geräischer oder Kommunikatioun ugesi gëtt, ass se a Wierklechkeet e Phenomen, deen dacks méi haart schwätzt, wéi e Geräisch. Michèle Schons