François Koepp: Krunnewaasser wäert et net gratis am Restaurant ginn
12/10/2022

D'lescht Woch gouf bekannt, datt e Pilotprojet an de Restauranten uleeft fir de Clienten nieft dem Mineralwaasser och Krunnewaasser unzebidden. D'Federatioun vun den Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren felicitéiert sech, datt een blockéiert krut datt d'Krunnewaasser flächendeckend a gratis misst ugebuede ginn. De François Koepp war de Moien eisen Invité vun der Redaktioun an huet mam Claude Zeimetz ënnert anerem doriwwer geschwat.
