Ausstellung "Mom, I don't want war"
17/10/2022

Leschten Donneschden ass virun der Philharmonie eng nei Ausstellung inauguréiert ginn, mam Numm „Mom, I don’t want war“. Presentéiert ginn eng Rëtsch Zeechnungen, déi polnesch Kanner wärend dem zweete Weltkrich gemoolt hunn, a Biller vun ukrainesche Kanner, déi zanter dem 24.Februar och de Krich um Blat festhalen. D’Valeria Wiwinius war bei der Ouverture vun der Ausstellung dobäi.
