Film: Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren

17/10/2022
Film: Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren
Play

Keng Landwirtschaft, näischt ze iessen - sou graff kann een dat formuléieren. Corona huet eis duerchblécke gelooss wéi wichteg eis lokal Acteuren an der Landwirtschaft sinn. Vun der Kris duerch den Ukrain-Krich guer net ze schwätze. Nei am Kino vun dësem Mëttwoch un: „Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren“. D’Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg a.s.b.l. huet zesumme mat dem Realisateur Tom Alesch a mat der Ënnerstetzung vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte an enger Rei Ministèren en Dokumentarfilm iwwer Biolandwirtschaft mat dem Titel „Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren“ produzéiert. D'Daniela Noesen vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg.