Konferenz : La culture sauvera le monde
18/10/2022

Mer sinn e räicht Land, mee och hei zu Lëtzebuerg gëtt et Leit déi et leider net esou gutt hunn. A wann ee sech eppes net leeschte kann, ass een an eiser Gesellschaft séier ausgeschloss. Dat ass net gutt a soll och net esou sinn. D'Asbl " Cultur'all " setzt sech a fir Leit mat klenge Revenuen, Kultur accessibel ze maachen a luet zu deem Thema muer den Owend op eng Konferenz an.De Pit Pixus krut en exklusiven Abléck an d'Virbereedungen zu enger Konferenz mat dësem sensibelen Thema.
