In pace: Mirko Nontschew
01/11/2022

An der däitscher Comedy-Zeen ginn et eng helle Wull Talenter, natierlech ëmmer eng Affär de Goût. An den 90er hat ee bei RTL probéiert sou eppes wéi Saturday Night Live ze maachen. D'Konzept vun RTL Samstag Nacht sollt méi oder manner 5 Joer laang opgoen, vun 1993 bis 1998. Nieft ënner anerem Stefan Jürgens, Esther Schweins, Olli Dittrich, Tanja Schumann a Wigald Boning konnt ee wärend där Zäit ëmmer nees gutt mam Mirco Nontschew laachen.
