Players Party vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters

20/10/2022
Players Party vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters
Play

Haut den Owend geet et lass mat der éischter Editioun vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters. Nodeems een déi lescht 25 Joer op der Kockelscheier e WTA-Turnéier organiséiert hat, huet een dëst Joer en anere Wee ageschloen. An der Coque spille vun haut bis e Sonndeg fréier Tennis-Legende géinteneen. Natierlech nach ëmmer Dammentennis um héchsten Niveau, mee et sinn eben elo just Spillerinnen, déi haut net méi als WTA-Spillerin aktiv sinn.