Sunday Scaries oder d'Angscht virun der neier Woch

24/10/2022
Sunday Scaries oder d'Angscht virun der neier Woch
Play

Elo mol Hand op d'Häerz: wéi fillt Dir Iech generell Sonndes, also den Dag virun der neier Schaffwoch? Et solle jo Leit ginn déi kënnen et knapps erwaarde Méindes nees frësch a monter op der Aarbecht unzetrieden. Anerer wéilten dee Méindeg am léifsten ofschafen a kréie well Sonndes Symptomer wa se drun denke wat se sou alles an der Woch erwaart.