RTL-Reporter Halloween; de gréisste Kürbis kënnt vu Biereng
25/10/2022

Fir Halloween gesäit een elo erëm iwwerall grujeleg Gestallten a vill orange Kürbiskäpp. Déi al Traditioun kënnt awer am Fong aus Irland. D’Amerikaner hu just léiwer mat Kürbisse geschafft, wëll en dorausser méi liicht konnt eng Lanter bauen. Zu Biereng bei Miersch si se esou frou mat deem Geméis, dat sech d’Kürbis Frënn gegrënnt hunn, déi all Joers riseg Kürbissen ziichten. Eisen RTL Reporter den Dan Vinkowski huet sech fir eis de schwéiersten Exemplaire ugekuckt.
