Geféierlech Mailen - Lovescam, Lottogewënn an Ierfschaften...

26/10/2022
Geféierlech Mailen - Lovescam, Lottogewënn an Ierfschaften...
Play

Den Héichpunkt wat Scam ubelaangt huet wuel eng 65-järeg Japanerin erreecht, déi am Summer un esou e Cyberkriminelle geroden ass. Hien hat sech als russesche Kosmonaut ausginn, deen hir aus der Äerdëmlafbunn Fotoe vum Weltall geschéckt huet an hir versprach huet, se ze bestueden, esoubal e vun der ISS zeréck wär. Wat dem Mann awer gefeelt huet, war den Ticket fir zeréck op d'Äerd. Nodeems d'Fra ëm 30.000€ méi liicht war, sinn hir Zweiwel komm, well nach méi Sue gefrot goufen. Keen Eenzelfall, an an der Lescht relativ heefeg.