Wat geschitt am Gehier wa mir stierwen?
28/10/2022

Wéi fillt sech den Doud un? Gesi mir en hellt Liicht um Enn vun engem Tunnel? Zéien d'Biller vum Liewe nach emol erlaanscht? Froen, déi mir eis warscheinlech scho puermol gestallt hunn, an op déi et elo eventuell eng Äntwert gëtt. D'Resultater vun enger amerikanescher Etüd deiten drop hin, dass eist Gehier wierklech nach emol Erënnerungen opkomme léisst.
