Bicherdeeg, Buchpräis an de Katalog vun der Bicher-Rentrée 2022-2023

31/10/2022
Bicherdeeg, Buchpräis an de Katalog vun der Bicher-Rentrée 2022-2023
Play

Den Hierscht ass d'Saison vun de Bicher! D'lescht Woch gouf de Programm vun de Walfer Bicherdeeg virgestallt, déi den 19ten an den 20sten November ënnert dem Motto "Vom Wachsen und Wurzeln schlagen" stinn. De 17ten November gëtt de Lëtzebuerger Buchpräis verginn. Fir de Publikumspräis kënnt Dir iwwregens nach bis den 10ten November bei eis op RTL.lu ofstëmmen. An natierlech ass och dëst Joer nees déi traditionell RTL-Dictée déi Sonndes Moies vun de Walfer Bicherdeeg live gestreamt gëtt. Alles dréint sech also ëm d'Buch! Wéi eng Bicher am Laf vum leschte Joer hei zu Lëtzebuerg erauskomm sinn, doriwwer kann een sech an dem neie Katalog informéieren, deen d'Lëtzebuerger Bicherediteuren fir d'Rentrée 2022-2023 erausbruecht hunn. D'Bea Kneip huet beim Präsident vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren, dem Ian de Toffoli, nogefrot.