Studenten op der Sich no engem Logement
09/11/2022

Bei Kolleege schlofen, an engem Hotel oder an der Jugendherberg, an dat wärend dem Studium. Ëmmer rëm héiert ee Geschichte vu Studenten, déi kee Logement zu engem abordabele Präis fannen. Och op der uni.lu ass d’Wunn-Situatioun e grousst Thema ënnert de Studenten. An dat och elo, bal zwee Méint no der Rentrée.
