Mediesektioun am Lycée Robert Schuman
10/11/2022

Op enger Sproochesektioun muss ee vill al Bicher liesen a gutt an de Sprooche sinn. Dat stëmmt fir déi nei Mediesektioun am stater Lycée Robert Schuman nach zum Deel. Dobäi komme nämlech nei Fächer an eng praktesch Approche. Um Mediendag goufe gëschter op der 3eme zum Beispill Professioneller agelueden, déi de Schüler en Abléck an hiert Beruffliewen am Beräich vun de Medien ginn hunn. D'Schülerin Sofia Pires war mat dobäi an huet bei Proffen a Matschülerinne nogefrot, waat d'Mediesektioun ënnerscheed.
